Last Games Last Games

Seniors
vs
87
 
55
Dames
vs
88
 
48

Upcoming Events Upcoming Events

No events currently planned

Activity Activity

News News

Film vun 1972 um Mulle-Sonndeg !

Avis aux amateurs! Do not miss it ! Für Liebhaber!

Beim Mulle-Sonndeg hu mir de Pleséier een ale Film aus den Ufankszäiten vun onsem Veräin virzeféieren.

Dëse Film, deen bal 50 Joer verschwonne war, ass gedréit ginn vum Armand Diedert an de Bridder Raymond an Norbert Zuang an dauert ongeféier 15 Minutten. Nodeems en digitaliséiert gouf, huet de Romain Goerend en mat Musek ënnerluecht an elo ass e prett fir gewisen ze ginn.

Um Ufank gesi mer Biller vun de Matcher déi fir d'Aweiung vum neien Terrain bei der Primärschoul gespillt gi sinn. Et ass en Dammen-, Hären a Jugendturnéier.Bei den Dammen gesi mer d'Equippe ronderëm d'Marie-Paule Urbing mat e.a. Monique Foetz, Marion Grethen, Aline Adams, Lydie Greis an Emma Fisch. Spéider am Film och di méi jonk Spillerinnen Danièle Karpen, Tessy an Doris Schiltz, Doris Baur a Michèle Spaus.

Duerno sinn et Zeenen aus de Championnatsmatcher Miersch géint Walfer, mat den Heinricy, Hüber, Kremer, Flies, Torres, Kirsch, Hausemer,asw (Saison 1971/72) a Walfer géint Steesel ëm den Stoffels Rosch aus der Saison 1972/73 mat deselwechten Spiller an awer och e.a. Faber, Nilles, Winant a Valenne.

Deemools hu mer och den Abschid am Café Relais Fleuri vun eisen 2 Marines Don Scroggs an Roger Berend opgeholl.

Am Abrëll 1973 hu mer den Tournoi de l'Alzette gespillt mat Grevemacher, Hollerech an d'Red Boys.

Um Ënn nach e puer Biller iwwert en Dammen- an e Scolaires-Match a fir den Ofschloss d'Receptioun op der Gemeng fir Coupe des Dames 1973 ze feieren.

.

 

 


Mulle-Sonndeg

De Supporterclub invitéiert ganz häerzlech op de Mulle-Sonndeg;d' Mullen ginn no der traditioneller a beschtbekannter "façon Walfer Stuff" preparéiert.

Och weise mir e Film iwwert d'Ufankszäiten vun onsem Veräin!

De Mulle-Sonndeg ass den 28.Oktober ab 11h30 am Centre Prince Henri zou Walfer.

Detailer mat engem Clic op de Flyer.

 

 


Journée arbitrage

D'adabl, d'Associatioun vun de Basketsarbitteren, start dëst Joer e neie Projet, deen de klassesche Cour vum Arbitre débutant ersetzt. Ee Schiidsriichter-Ufänger leed zesumme mat engem erfuerenen Tuteur (Nat. 1 an Nat. 2 Arbitter resp. ehemolegen Nat. 1 an Nat. 2 Arbitter) Jugendmatcher. Dëst soll 10 mol iwwer d’Saison verdeelt sinn. Den Tuteur kann esou den Ufänger besser ënnerstëtzen an him hëllefen. Méi Infoen op http://adabl.org/2018/07/arbitre-debutant-2018/

 


Nouvel horaire des entraînements

Le nouvel horaire des entraînements pour la saison 2018/2019 est disponible à la rubrique TRAINING.

The pratice schedule for the 2018/2019 season is available under the heading TRAINING.


Partenariat Asport

A tous nos membres,amis et supporters

Enregistrez-vous chez Asport comme membre ou fan du BBC Résidence et faites bénéficier notre club d'une ristourne de 2% sur le total de vos achats!
(Ceci en plus de votre remise personnelle de 10% en tant que client enregistré chez Asport!!!)
 

 


Comments Comments